| |
|
|
1961
|
Buergsonndeg 1961 trieden e puer
Jugendlecher aus de Reie vun der Concordia mat enger Trompett,
enger Trombonn, enger Klarinett an enger décker Tromm (vun
der Dikrecher Kolléischmusek) fir d'éischte
Kéier an engem Cortège duerch d'Duerf
ëffentlech op.
Dëst kann een als Gebuertsstonn vun der "Jeunesse Musicale",
enger Museksektioun, déi aus dem Gesangveräin
"Concordia" ervirgoung, verstoen.
|
|
1962
|
Dat éischt Instrument, dat
de Veräin iwwerhaapt als Don kritt, ass e Cor, gestëft
vum Henri Kartheiser op der Cäciliefeier 1962.
|
|
1964
|
Eng Musek brauch Suen wa se sech
wëll virunentwécklen, a fir déi finanziell
Belaaschtung ze droen gëtt en éischte grousse Bal
organiséiert, de "Jonggeselle Bal". Donieft gëtt de
Comité em 4 Vertrieder vun der Jugend- a Museksektioun
erweidert.
|
|
1965
|
Och d'Union Grand-Duc Adolphe, den
Daachverband vun de Museks- a Gesangveräiner, an deem
d'Concordia Member ass, befaasst sech mat dem neien "duebele"
Veräin. An enger UGDA-Comitéssëtzung vum 8.
Oktober 1965 heescht et:
"Hr. Lassans berichtet über eine Unterredung mit dem
Vorstand der Chorale Erpeldange (Ettelbrück). In Anbetracht
der besonderen Situation - ein Chor gründet eine
Musikkapelle, die aus Jugendlichen besteht - , beschließt
der Vorstand, dass die Gesellschaft bis auf weiteres als ein
Verein unter der Bezeichnung Société de Chant et de
Musique mit einer Gesangsektion und einer Jugendkapelle
geführt wird."
|
|
1970
|
No der Demissioun vum Alphonse
Ramponi gëtt de Jos Turmes vun Ettelbréck neien
Dirigent.
|
|
1971
|
Fir nei Memberen ze kréien,
gëtt decidéiert e reegelméissegen
Solfège-Cours ze organiséieren. E Subside dofir
gëtt bei der Gemeng gefrot, an den Dirigent Jos Turmes
gëtt vum Comité als Chargé de cours
virgeschlo.
|
|
1973
|
D'Grënnung vum
Foussballveräin FC72 ass eng eeschtlech Konkurrenz fir de
Veräin ginn. Fir en Ausgläich ze schafen gi vu 1973 un
och Meedercher an d'Musek opgeholl.
|
|
1977
|
De Comité schwätzt
sech dofir aus, trotz Solfège-Coursen zu Dikrech an
Ettelbréck, och d'Coursen zu Ierpeldeng ënnert dem
jeweilegen Dirigent virunzeféieren.
|
|
1978
|
D'Musek kritt nei Uniformen. De
Raymond Binsfeld stellt eng "Trommel-Clique" zesummen, déi
bei Cortège ka virop goen.
|
|
1979
|
Den 2. Juli reecht den Dirigent
Jos Turmes seng Demissioun an; neien Dirigent gëtt den Tony
Wantz.
|