CONCORDIA IERPELDENG
Société de Chant et de Musique Concordia Erpeldange a.s.b.l.
Concordia Ierpeldeng - Musek 1981-2002

Historique Musek (2)

1981 - 2002:

   
1981
Éischt Participatiounen un der Kavalkad zu Dikrech an un der Iechternacher Sprangprëssëssioun sinn ze notéieren.
1982
Den Tony Wantz demissionéiert a vum 1. Oktober un ass de Ralph Dullnig neien Dirigent; gläichzäiteg gëtt decidéiert, datt d'Solfège-Schüler vun elo un sollen an d'Musekschoul op Dikrech fueren.
1984
Éischt Kontakter mat der "Blue Lake Band" aus dem Michigan gi geknëppt, zesumme mat der Fanfare vu Feelen. En éischte Besuch vun de jonken amerikanesche Musikant(inn)en geet am Summer iwwer d'Bün. Méi iwer Blue Lake fannt dir hei.
1987
Aus der Experienz vum Joer virdrun, wou et wéinst der Keelt bal onméiglech war, nach en Toun aus den Instrumenter ze bréngen, huet d'Ierpeldenger Musek geléiert, an d'Instrumenter fir d'Kavalkad zu Dikrech doheem gelooss.: "Ierpeldeng bei Rio" ass den Thema a gespillt gëtt nëmmen op selwer gebastelten Percussiounsinstrumenter. D'Resultat ass den éischte Präis fir déi bescht Museksgrupp.
1988
No der Demissioun vum Dirigent Ralph Dullnig gëtt hien duerch de Jean-Claude Braun ersat.
1991
De Golfkrich sabotéiert den traditionellen Ëmzuch op Buergsonndeg. Op ville Plazen gi Kavalkaden ofgesot, an och déi Ierpeldenger Musek schléisst sech deem un a beschränkt sech dëst Joer op d'Buerg an d'Ierzenzopp.
An der Summervakanz demissionéiert de Jean-Claude Braun als Dirigent. De Marc Schiltz vun Ettelbréck iwerhëlt den Interim bis den 28.Oktober, wou de Jean-Pol Meis kann engagéiert ginn.
1992
Fir d'éischte Kéier kréien déi Ierpeldenger Leit e Galaconcert offréiert, an zwar als Fréijoersconcert (Mäerz '92), an och den 1. Chrëschtconcert steet am Dezember um Programm.
Dat selwecht Joer gi nei Uniformen ugeschaaft.
1994
De 29.11.1994 gëtt probéiert eng Musekschoul zu Ierpeldeng ze grënnen an Zesummenaarbecht mat der Union Grand-Duc Adolphe an der Ierpeldenger Gemeng. Verantwortlecher vun alle betraffene Parteien, mat un der Spëtzt dem Ierpeldenger Buergermeeschter Erny Rassel an dem UGDA-President Henri Schumacher, kommen um Siège vun der UGDA am Gronn zesummen. Et gëtt séier en Accord fond, an jiddereen hofft, datt duerch déi Musekschoul kann eppes géint de Musikantemangel am Veräin ënnerholl ginn.
1995
No enger quasi Grënnungsversammlung zesumme mam Paul Scholer, Direkter vun der UGDA-Musekschoul, an allen interesséierte Leit aus der Gemeng, geroden déi Ierpeldenger Museks-Coursen ënnert de Beschoss vun de grousse Nopeschgemengen, déi déi Konkurrenz net gäer gesinn.
Domat war d'UGDA-Musekschoul zu Ierpeldeng gestuerf, an et konnt sech nëmmen op eng éischter ageschränkten Zesummenaarbecht mam Ettelbrécker Conservatoire gëeenegt ginn: en Eveil Musical an e Solfège-Cours ginn zu Ierpeldeng organiséiert; e Cours d'Adultes iwerhëlt de Jean-Pol Meis selwer.
1997
De Fréijoers-Concert "A Captain's Gala" ass e groussen Erfolleg, well d'Formel "Concert + Show + Büffet" kënnt bei alle Leit gutt un, net nëmme bei dem gléckleche Gewënner vun enger Croisière.
2001
D'Concordia feiert de 40. Anniversaire vun hirer Musek mat engem ambitiéise Programm, dee sech vum Fréijoersconcert (dem "Captain's Gala II") bis zum Chrëschtconcert praktesch iwwer e ganzt Joer erstreckt.
1961-1980
Menu