Concordia Ierpeldeng

J. P. Lampertz 1946-2017

D’Concordia Ierpeldeng huet déi traureg Flicht, den Doud vu sengem laangjäregen aktive Member a Fändelsdréier Jéng Lampertz matzedeelen.

Mir all traueren ëm ee léiwe Mënsch an een zouverléissege Komrod a mir wäerten de Jéng ëmmer a gudder Erënnerung behalen.

Dem Thérèse a Martine drécke mir eist déift Matgefill aus.

Buergsonndeg 2017

Sonndes Nomëttes, de 5. Mäerz, geet d’Musek duerch Ierpeldeng a spillt bekannt Fuesstécker. Mir gi vun Haus zu Haus  a wäre frou wann mir eng kleng Ënnerstëtzung vun iech kréiten. Owes ass jiddereen op de selwergemaachten a gratis Ierzebulli am fréiere Sall vun der Amiperas am Birckelshaff invitéiert.

 

Chrëschtconcert 2016

Mir invitéieren Iech ganz häerzlech op de Chrëschtconcert vu Gesank a Musek Sonndes, den 18. Dezember um 16h00 an der Kierch zu Ierpeldeng/Sauer. Direktioun Jugendmusek: Jeff Schiltz, Chorale: Jorge Alves, Musek: Jean-Pol Meis.

Den Entree ass fräi.