Concordia Ierpeldeng

Société de Chant et de Musique Concordia Erpeldange a.s.b.l.

Home

D’Concordia Ierpeldeng ass ee Gesank, deen 1883 gegrënnt gouf, an eng Musek, déi 1961 derbäi koum, zesummen an engem Veräin. Mir sinn doheem an der Gemeng Ierpeldeng un der Sauer.

Op eisem Site hutt Dir d’Méiglechkeet, Iech iwwert eise Programm, eis Memberen, eis Geschicht a villes méi ze informéieren a Kontakt mat äis opzehuelen.

Wann Dir Interessi hutt fir bei äis matzemaachen, da schéckt äis e Message op info@concordia.lu oder kommt an eng vun eise Prouwe vum Gesank (Donneschdes vun 18:30 bis 20:00 Auer), vun der Jugendmusek (Donneschdes vun 18:30 bis 19:30 Auer) oder vun der Musek (Donneschdes vun 19:45 bis 21:45 Auer).

D’Chorale Concordia op www.chouer.lu
Portal vun de Chéier, Choralen a Vokalensemblen zu Lëtzebuerg.