Concordia Ierpeldeng

De Jean-Pol ass geéiert ginn

De 27. Februar ass de Jean-Pol Meis fir 25 Joer Dirigent vun der Musek geéiert ginn am Kader vun der “Ovation des personnes et sportifs méritants”.

Buergsonndeg 2017

Sonndes Nomëttes, de 5. Mäerz, geet d’Musek duerch Ierpeldeng a spillt bekannt Fuesstécker. Mir gi vun Haus zu Haus  a wäre frou wann mir eng kleng Ënnerstëtzung vun iech kréiten. Owes ass jiddereen op de selwergemaachten a gratis Ierzebulli am fréiere Sall vun der Amiperas am Birckelshaff invitéiert.

 

Chrëschtconcert 2016

Mir invitéieren Iech ganz häerzlech op de Chrëschtconcert vu Gesank a Musek Sonndes, den 18. Dezember um 16h00 an der Kierch zu Ierpeldeng/Sauer. Direktioun Jugendmusek: Jeff Schiltz, Chorale: Jorge Alves, Musek: Jean-Pol Meis.

Den Entree ass fräi.

Jugendmusekcontest zu Klierf – 2016

Eis Jugendmusek ass den 23. Oktober beim Jugendmusekcontest zu Klierf op déi 3. Plaz komm. Eis Felicitatiounen!